Die Feuerwehren der Gemeinde Mersch veehren seit mehr als 40 Jahren den hl. Florian als ihren Schutzpatron. Hier die Einleitung zur Messe zum hl. Florian vom 14. Mai 2011 in Reckingen.
(zur Erklärung für unsere ausländischen Gäste: Der Text ist in luxemburger Sprache geschrieben)
Florian 2011
14. Mee 2011 zu Recken
Léif Éiregäscht,
Léif Pomjeeskolleegen a –kolleeginnen,
Léif Leit alleguer,
D’Pompjeeën vun der Gemeng Miersch feieren schon méi wéi 40 Joer zesummen den hellige Florian als hire Schutzpatréiner. Op anere Platzen am Land gët déi hellig Barbara als Schutzpatréinesch veréiert, a munchen Uertschaften as ët den hl. Donatus. De Grupp „Aumonerie“ hat probéiert engt Karthographie vun dëser Helligeveréihrung opzestellen, mee leider hun vill Corps’en keng Entwert op d’Ëmfro eran geschëkt.
Wéi gesot, den Florian as nët den eenziche Patréiner fir d’Pompjeeën. Och bedeitend Theologen hun nët allzevill mam hl. Florianus unzefänke gewosst. Esou huet am 16. Joerhonnert, de Martin Luther, nëmen den hl. Laurentinus vu Roum an d’helleg Agathe vun Cantania als Patréiner beim Feier kannt. Béid Helleg hun e Martyrium mat Feier mat erduld.
E weideren Helligen, deen och op eenzelne Plaatzen als Patréiner vun de Pompjeeën veréiert gët, as den helligen Theobald, deen jo eng Zäit zu Pëtten geliewt huet an deem d’Eenelterkapell hei zu Recken geweiht as.
Den hellige Florian gët haaptsächlich am däitschsprochige Raum veréiert, dogeent as d’hellig Barbara méi am franzéisich sprochige Raum doheem. Bei eisen däitsche Noperen, fënd een den hl. Florian bal an all Pompjeesbau, an a Süddeitschland geseit een oft grouss Fassademolereien op den Pompjeesgebeier mam Motto vum hl. Florian.
Den hl. Florian gët och a Polen veréiert. Do sin eng 30 Paren, déi den Florian als Patréiner hun. Och de Popst Jean-Paul II, war vun 1949-1951 Vikar an enger Florianskirch an engem Viruert vun Krakau. 1984 schreiwt hien an engem Bréif un seng fréier Por:
“Florian, obwohl kein polnischer Heiliger, ist tief in die Geschichte Krakaus und unserer
ganzen Heimat eingegangen, …”
Wien war dann elo den hellige Florian an wat këne mir haut nach vun him léiren?
Em 300 no Christus huet e groussen Deel vun Europa zum réimische Reich gehéiert, och Lëtzebuerg, an ewer och Eisterreich. An do an Eisterreich an der Géigend vun St. Pölten huet de Florian gelieft, sein Numm huet op Latein „Florianus“ geheescht.
Hien war réimische Zaldot, jo esou een hégen Offizéier. No senger Dingschtzeit als Offizéier als hien als héige Verwaltungsbeamten an der Géigend vun Lorch bliwen. Schliesslich as hien an d’Pensioun gang an as do an der Géigend wunne bliwen.
De Florian, wéi och vill aanerer, war zum chrëstliche Glaawen iwergetrueden. Dat gouf och lang Zäit toleréiert; obschons d’Réimer déi Zäit hir heednisch Götter veréiert hun. Enert dem Keeser Diokletian as ët dun erëm zu enger leschter grousser Chrëschteverfolgung komm. Den Drock op d’Chrëschten as ëmer méi stark gin. Ufangs sin all d’Chrëschten, déi an der réimescher Verwaltung geschafft hun, entlooss gin. Spéider sollt jiddfereen, deen nët dem chrëstliche Glawen ofschiere wollt, zum Doud verurteelt gin.
An der Géigend ëm St. Pölten, war den Aquilinus Statthalter, an dat war e ganz scharfen Hond. Am Lager Lauriacum, dem heitige Lorch, huet hien 40 Chrëschte festgeholl, an de Prisong geheit, wou sie gequält goufen, fir dat sie hirem Glaawen ofschwiere sollten. Soss géifen sie zum Doud verurteelt.
Wéi den Florian dovun héiren huet, as hien op Lorch gang, well hien gehofft hat, do eppes, mat senge Relatioune, fir déi 40 Gefaangener maachen ze kënen. Hien huet sëch dun och als Chrëscht ze erkenne gin an hien dorops hin direkt festgeholl gin.
Trotz ville Quälereien as hien senger Iwerzeegung trei bliwen. Hien as zum Doud verurteelt gin. Hien krutt e Millesteen ëm den Hals gebonnen an hin as an de Floss Enns geheit gin.
Den Florian huet also sei Liewe hiergin fir sei Glaawen an fir seng Frënn a Kolleegen. Hien hätt och kënen dohee sëtze bleiwen, sëch nët mucksen. Dann wier him wahrscheinlich néischt geschidd.
Mee neen, hien as nët einfach an der Fautell sëtze bliwen, wéi seng Glawensbridder, seng Frënn, a Gefoer waren. Hien huet säin eegend Liewe riskéiert, fir aanere Mënschen, déi a Gefoer waren ze hëllefen, aus Solidaritéit an Zivilcourage. An hien huet jo dobei säin Liewen verluer.
Wéinst sengem engagéierten Handelen as hien och nach haut, ron huet 1700 Joer no sëngem Doud, ee Virbild fir eis als Pompjeeën.
Hien stung och fest zu sengem Glaawen, zu senger Iwerzeegung. Dofir as hien esou guer an den Doud gaang. Dat soll eis och haut nach ee Virbild sin.
No sengem Doud sin vill Legenden entstaan, an enger vun de Legenden heescht ët, hien hätt schon als jonke Kärel, eemol een Haus geläscht. An dofir gët hien an senger Tenue als réimesche Zaldot ëmer mat engem Eemer Wasser duergestallt. Dës Duerstellung war wahrscheinlichd’Ursaach firwat hien als Schutzpatréiner vun de Pompjeën erweielt gouf.
Mee fir mëch as säin Engagement senge Matmënsche géint iwer, villméi wichtig a virbildlich.
An dësem Sënn wëlle mir elo d’Mass feieren fir all verstuerwe Pompjeeën aus der Gemeng Miersch.
Mir denken och un all verstuerwe Pompjeeën weltweit, zum Beispill un déi Pompjeeën déi a Japan beim Erbeben, beim Sunami a bei der nuklearer Katastroph hiert Liewe geloss gun.
Mir denken och un déi verstuerwe Memberen vun aanere Rettungsorganisatioune hei am Land och weltweit.